Association photographique

Léif Memberen,
 
Am Aklang mat de Recommandatioune vun eiser Regierung wat den Ëmgang mam Coronavirus Covid-19 betrëfft a vue datt d’Gemeng Lëtzebuerg e Freideg den 13. Mäerz decidéiert huet, fir all Kultur-, Sport- a Begéignungszentren zouzemaachen, ginn all Clubaktivitéite viraussiichtlech bis ob weiters annuléiert respektiv verluecht. Dat betrëfft net nëmmen eis Versammlungen, mee och d’Benotze vum Studio a vun der Dunkelkammer.

 
Mir halen Iech um Lafenden, wéi et mam Programm weidergeet.
 
Bleift all gesond a profitéiert dovun, Är Fotoe fir eng flott Ausstellung méi spéit am Joer ze preparéieren.
 
Mat beschte Gréiss,
 
Fir de Comité
 
Jeff ORIGER

  • Facebook Clean
  • Flickr Clean